425'600 SPD-Membere waren tëscht dem 19. an 29. November opgeruff ze entscheeden. Feiere konnt um Enn den Duo Esken/Walter-Borjans.

Wéi gëtt neien SPD-Chef? No der méintelaanger Course gouf déi Fro um Samschdeg beäntwert. Ronn 425'000 Membere vun de Sozialdemokraten konnten hir Stëmm ofginn.

Si haten de Choix tëschent zwou Equippen: D'Klara Geywitz an de Vizekanzler Olaf Scholz hu kandidéiert. Den aneren Duo besteet aus dem Saskia Esken an dem Norbert Walter-Borjans.

E Samschdeg den Owend gouf d'Resultat am Willy-Brandt-Haus bekannt gemaach. D'Saskia Esken an den Norbert Walter-Borjans kruten 53,06% vun de Stëmmen. D'Walbedeelegung loung bei 54,09%.