De japanesche Premier gëtt vun Nordkorea béis attackéiert. Hie gëtt als "eenzegen Idiot op der Welt" an "dommste Mënsch an der Geschicht" vernannt.

Dëst ass d'Reaktioun op japanesch Kriticken un nordkoreanesche Waffentester.

Den Abe wier mol net an der Lag op Fotoen Rakéitewerfer vu Rakéiten ze ënnerscheeden, sou de Spriecher vum Ausseministère zu Pjöngjang. Hien huet weiderhi gedreet, den Abe kéint an net allze wäiter Zukunft viru sengen eegenen Aen eng ballistesch Rakéit erliewen. E géif sech net mat sou engem politeschen Zwerg wéi dem Abe ofginn.

Nordkorea hat e Freideg en neien Test vun engem besonnesch grousse Multiple-Rakéitewerfer bestätegt.