Si blockéieren a besetzen zum Deel eng Partie Kueleminnen an der Lausitz, zu Leipzig oder Brandenburg.

D'Aktiviste wëlle mat dësen Aktiounen géint d'Klimapolitik vun der Bundesregierung protestéieren, déi fir si net wäit genuch geet.

Wéi d'Organisatioun "Ende Gelände" matdeelt, wieren eng 4'000 Aktivisten ënnerwee, fir d'Infrastrukturen an de Kueleminnen ze blockéieren.