De 35 Joer ale Mann kéint also den Täter si vun der Messerattack mat dräi Blesséierte matzen an enger grousser Akafsstrooss zu Den Haag.

De Mann géif elo um Policebureau verhéiert ginn, huet déi hollännesch Police op der Online-Plattform Twitter matgedeelt.

E Freideg waren dräi Jugendlecher duerch Messerstéch verwonnt ginn. Si hate sech net kannt. Der Police no handelt et sech bei den Affer ëm en 13-järege Jong an zwee Meedercher vu 15 Joer. Nodeems si an den Urgencë vum Spidol behandelt gi waren, konnte si allen dräi nees heem.

D'Motiv vun der Dot ass weiderhin onkloer. Fir d'Police wären dowéinst all d'Zenarien nach op, esou heescht et an enger offizieller Ausso.