E Méindeg war an der spuenescher Haaptstad den Optakt vun der COP25, der Weltklimakonferenz, déi nach bis den 13. Dezember dauert.

D'Erwaardunge si grouss...

Um Méindeg huet zu Madrid d'Weltklimakonferenz ugefaangen. Den Drock, Reegelen ze fanne fir de Paräisser Accord ëmzesetzen, ass geklommen, mä a ville Länner ass och de Widderstand méi grouss ginn.

25.000 Leit aus bal 200 Länner gi sech zu Madrid erwaart, dorënner Staats- a Regierungscheffen, grad ewéi déi schwedesch Klimaaktivistin Greta Thunberg, déi den Ament nach aus den USA op engem Seegelboot Richtung Lissabon ënnerwee ass.

Wéinst weltwäite Klima-Protester an extremen Wiedersituatiounen steet d'Politik ënner Drock.

Een Haaptsujet ass d'Hëllef fir Entwécklungslänner, déi besonnesch ënnert dem Klimawandel leiden.
 
D'COP25 dauert 12 Deeg laang bis den 13. Dezember.