Regierungstruppen a Rebelle kämpfen ëm d'Stad Idlib am Norde vum Land.

Et wieren déi brutaalst Kämpf an der nordsyrescher Provënz zanter der Wafferou. Vill Awunner sinn a Richtung Norde geflücht.

E puer Attacken op Positioune vu Regierungstruppen hätten d'Kämpf ausgeléist. Als Reaktioun huet de Baschar al-Assad mat der Ënnerstëtzung vu russeschen Truppen Loftugrëff géint déi islamesch Rebelle geflunn. Et sollen op d'mannst 36 Zaldoten vun de Regierungstruppen ënnert den Doudesaffer sinn.