Eng 60 Kilometer vun der amerikanescher Grenz ewech koumen 20 Leit bei enger Schéisserei tëscht enger Drogeband an der Police ëm d'Liewen.

Den Ëmgang mat den Drogekarteller suergt jo fir Spannungen tëscht den USA a Mexiko.

De mexikanesche President huet sech rezent kloer géint en arméierten Asaz vun den USA géint d'Drogemafia a Mexiko ausgeschwat.