Op der Homepage vum Online-Gigant konnte Chrëschtdagsdekoratioune mam Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau als Motiv drop kaaft ginn.

Nodeems d'Offer vun enger Partie Clientë ferm kritiséiert gouf, huet sech Amazon dozou entscheet, déi betraffe Produite vun hirer Websäit erofzehuelen, dat mellt ënnert anerem metro.co-uk. Op Amazon Market Place huet nämlech en Händler Unhänger fir de Chrëschtbeemche verkaf, op deenen d'Vernichtungslager a Stären- a Klackeform ze erkennen ass.

Vertrieder vum Auschwitz Memorial hu sech op Twitter entsat gewisen: "De Verkaf vu Chrëschtdagsdekoratioun mat Biller vun Auschwitz drop ass net ubruecht. Och Biller op engem Fläschenëffner si verstéierend a respektlos." Ugebuede goufen och nach e Mousepad an e Keramik-Waggon, änlech wéi déi, mat deenen d'Judden deemools deportéiert goufen.

"All eis Verkeefer musse sech u bestëmmte Richtlinnen halen. Wa si dogéint verstoussen, gi Moossnamen ergraff an déi betraffen Händler mussen domat rechnen, dass hire Kont geläscht gëtt", sou Amazon.

Deemools sinn 1,1 Millioune Mënschen, dorënner och eng Abberzuel Kanner, zu Auschwitz-Birkenau ëm d'Liewe komm.