Wärend engem Bezéiungssträit huet e 50 Joer ale Mann an der Géigend vu Passau den Hond vu senger Partnerin aus der Fënster gepucht.

D'Déier ass 3 Stäck erofgefall a kuerz drop u senge Blessure gestuerwen. De Mann wier am Laf vun der Ausernanersetzung ëmmer méi aggressiv ginn.

3 Stonnen nom Virfall huet eng Bekannte vun him d'Police kontaktéiert, well 3 Autoe virun hirem Grondstéck zerkraazt goufen. D'Besëtzer vun de Gefierer ginn dovunner aus, dass d'Fra sech op dësem Wee fir hire Mupp räche wollt.

Et gëtt den Ament ermëttelt, ob et en Zesummenhang tëscht béiden Dote gëtt.