Mat dëse Sue sollen Noutlogementer opgeriicht ginn. Aktuell hunn eng 5.000 Mënschen an Albanien wéinst dem Biewe keen Dag iwwert dem Kapp.

D'Kooperatiounsministesch Paulette Lenert huet annoncéiert, datt Lëtzebuerg 100.000 Euro deblockéiert, fir den Affer vum Äerdbiewen an Albanien ze hëllefen.

Déi Sue si geduecht, fir Noutlogementer opzeriichten. 5.000 Persounen hunn duerch d'Biewen hiert Doheem verluer. Et gouf 51 Doudesaffer an ongeféier 900 Blesséierter.