Macron, Merkel, Johnson an Erdogan gesi sech schonn am Virfeld, fir iwwert d'tierkesch Militäroffensiv am Norde vu Syrien ze schwätzen.

D'Staats-a Regierungscheffe vun de NATO-Länner si spéit drun. U sech war de 4. Abrëll de 70. Grënnungsdatum, ma dat ass just een Detail, well et vill Kniet ze léise gëtt.

Optakt vum NATO-Sommet / Reportage Claudia Kollwelter

Ugefaange mam Budget. Den US-President Trump gëtt net midd d'NATO-Partner ze kritizéieren, datt déi, a virop Däitschland, sech op Käschte vun den USA protegéiere loossen.

Dann ass et och den Hickhack an der Syrien-Kris. D'Amerikaner zéie sech aus Syrien zeréck, d'Tierke lancéieren eng Offensive an der nämmlechter Géigend. Alles ouni sech mat den NATO-Partner ze concertéierten. Déi eegen Intresse falen ebe méi an d'Wo. Ma och do huet den US-President d'Tierkei a Schutz geholl.

"Gehierdout" sot do de franséische  President a krut direkt eng zeréck vum tierkesch Staatschef. Deen huet d'Allianz souwisou brüskéiert, wéi hien ee russesche Rakéitenofwiersystem kaaft huet. Datt d'tierkesch Arméi vu Moskau forméiert gëtt, ass dogéint quasi een Detail. Kritik gouf et dann och vum Donald Trump vis-à-vis vum franséische President ebe genau wéinst dëser Ausso.

Den Donald Trump kënnegt de Atomvertrag mat de Russen, d'Europäer gi sech ëmmer méi bewosst, datt et um Enn ëm hir Sécherheet geet.

D'NATO muss sech op alle Fall reforméieren. Bis den nächste Sommet ugangs 2021 ass nach Zäit.

An da sinn nach Chineesen, déi rëschte massiv op. An deem Kontext koum am Laf vum Dënschdeg d'Nouvelle, datt d'Nato-Länner sech iwwert en Text fir d'Ofschlosserklärung vum Sommet zu London eens gi sinn. Dodran soll et och eng éischte Kéier heeschen, datt d'Militärmuecht China eng nei méiglech Menace ass.

Deen Text muss muer awer nach vun de Staats- a Regierungscheffen ugeholl ginn.

Mam Weltraum huet d'NATO dann en neit Asazgebitt fonnt. Jee, et gëtt genuch Schantercher fir d'Allianz, intern an extern.

Am Virfeld vum Sommet koumen um Dënschdeg de Mëtten schonn de franséische President Macron, d'Kanzlerin Merkel, de brittesche Premier Johnson an den tierkesche President Erdogan zesummen. Et goung ëm d'tierkesch Militäroffensiv am Norden vu Syrien.

Fir Lëtzebuerg sinn de Premier Xavier Bettel, den Ausseminister Jean Asselborn an den Arméiminister François Bausch zu London.

De Xavier Bettel kënnt zu London un
Sujeten um NAto-Sommet: Strategie vun der Nato an de Sträitpunkt Syrien.

Offiziellt Schreiwes

Xavier Bettel, François Bausch et Jean Asselborn à la réunion des dirigeants de l’OTAN à l’occasion du 70e anniversaire de l’Alliance atlantique à Londres (03-04.12.2019)

Communiqué par: ministère d'État / ministère des Affaires étrangères et européennes / Direction de la défense

Le Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel, le Vice-Premier ministre et ministre de la Défense, François Bausch, et le ministre des Affaires étrangères et européennes, Jean Asselborn, participeront à la réunion des chefs d’État et de gouvernement des pays de l’OTAN qui se tiendra à Londres les 3 et 4 décembre 2019.

Cette réunion marquera le 70e anniversaire de l’Alliance atlantique. Elle permettra de réaffirmer le lien transatlantique et d’aborder les défis sécuritaires les plus pressants auxquels l’OTAN est confrontée et auxquels elle doit s’adapter. Le partage du fardeau, l’espace et les nouveaux défis émergents et hybrides seront également abordés.

Le Luxembourg est un des douze pays membres fondateurs de l’Alliance atlantique, qui a été établie en 1949 par le traité de Washington et dont le premier siège était à Londres. L’OTAN compte à présent 29 pays membres.