Et ass d'Reaktioun op déi franséisch Digital-Steier. Dës géif grouss amerikanesch Entreprisen wéi Google, Apple, Facebook an Amazon diskriminéieren.

Sou heescht et vu Washington.

Dowéinst wëllen d'USA franséisch Importer, wéi Kéis oder Schampes zu 100% besteieren. Dat wäre Stroftaxen an Héicht vun 2,4 Milliarden Dollar.

Frankräich nennt d'US-Steiermenacen inakzeptabel a verlaangt eng däitlech Reaktioun vun der Europäescher Unioun.
E Konflikt sollt awer evitéiert ginn, esou gëtt de Finanzminister Bruno LeMaire a franséiche Medien zitéiert.
Och am Sträit mat der EU iwwer illegal Airbus-Subventiounen sollen d'Stroftaxen nach emol erhéicht ginn.