Et wäert eng fräi Presse-Aarbecht a Russland nach méi schwéier maachen.

A Russland kënne Journalisten a Blogger an Zukunft als „auslännesch Agenten“ klasséiert ginn. De President Putin huet e Méindeg en entspriechend, ëmstriddent Gesetz dekretéiert.

Et wäert eng fräi Presse-Aarbecht a Russland nach méi schwéier maachen.

Organisatiounen, déi aus dem Ausland finanzéiert ginn, musse sech scho méi laang als auslännesch Agente registréiere loossen. Zanter 2017 gëllt dat och fir Medienentreprisen, a vun elo un  eben och fir Eenzelpersounen.