D'Ursula von der Leyen huet offiziell d'EU-Presidence vum Jean-Claude Juncker iwwerholl.

D'CDU-Politikerin sot wärend enger Zeremonie, si hätt vill Respekt fir dat, wat hire Virgänger geleescht huet.

Hiert Mandat huet e Sonndeg ugefaangen - ee Mount méi spéit wéi geplangt, well d'Europaparlament e puer Kandidate fir d'Kommissioun blockéiert hat.