De weltwäiten Ausstouss vun CO2 huet enger Etüd no, och am Laf vun dësem Joer nees zougeholl.

Den internationalen Fuerscher-Bond „ Global Carbon Project“ huet um Bord vun der Klimakonferenz zu Madrid projezéiert, dass déi weltwäit CO2-Emissiounen ëm 0,6% geklomme wären, par Rapport zu zejoert.

Dat wier manner wéi gefaart, mä trotzdeem weiderhin eng Progressioun.

Den Ëmweltprogramm vun der UNO hat d’lescht Woch eng Nott erausginn, dass tëscht 2020 an 2030, all Joer op d'mannst 7,6% Zäregasen misste reduzéiert ginn, fir d’Paräisser Klimazil nach ze erreechen, nämlech d’Temperatur um Planéit op eng Hausse vu maximal 1,5 Grad ze begrenzen.

Kaum een EU-Land erreecht seng Klimaziler. Déi Europäesch Ëmwelt-Agence schléit Alarm. Et wär 5 op 12. Et misst elo wierklech investéiert an eppes geännert ginn.

Just Griichenland, Portugal a Schweden packen hir Klimaziler.

Interview mam Charles Goerens

Zënter e Méinden a bis nächste Freiden ass zu Madrid d’Weltklimakonferenz COP25. Hei sollen nei Iddie fir de Kampf géint de Klimawandel fonnt ginn.

COP25 - Interview mam Charles Goerens / Reportage Bill Wirtz

Et si chargéiert zwou Wochen zu Madrid, wou probéiert gëtt ze erkennen wou d’Weltklima an deenen nächste Joren histeiert, a wéi d’Politik op dës Problematik kann eng Äntwert fannen. Am Joer 2015 war de Klimaaccord zu Paräis ugeholl ginn, an zu Kattowitz gouf d’lescht Joer ee Plang ausgeschafft fir den Accord ëmzesetzen.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens ënnersträicht dës Wichtegkeet: Vill Länner missten hier Hausaufgabe maachen.

Dorënner wieren net nëmme Länner an Europa. Nom Brexit wäert d’Europäesch Unioun just ee Brochdeel vun den CO2-Emissioune vun der Welt sinn, wärend Indien a China vill méi géingen ausmaachen.

Fir Lëtzebuerg wieren d’Zuele beim CO2-Ausstouss ëmmer schlecht, allerdéngs hätt dat mat enger schlechter Methodologie ze dinn, sou den DP-Politiker. Duerch den Tanktourismus géingen immens vill Liter Sprit verkaaft ginn, déi awer net am Grand-Duché verfuer géifen.

Et ginn allerdéngs och Alternativen, déi sech eis missten opzeechnen, sou de Charles Goerens. Senger Meenung no géing déi Lëtzebuerger Regierung op de richtege Wee goen andeems se op Photovoltaik setzt. Op der iberescher Hallefinsel géif Solarenergie elo schon fir immens bezuelbar a kompetitiv Präisser produzéiert ginn.

D’Erwaardungen un d’COP25 sinn dofir héich, besonnesch vun Europa, wat sech als Power-Broker tëscht deenen nach méi groussen Industriemuechte gesäit.