A Frankräich waren en Donneschdeg déi gréisste Protester zanter dem Ufank vun der Gilets-jaunes-Beweegung virun engem gudde Joer.

E Generalstreik an der Fonction publique hat dat ëffentlecht Liewe gréisstendeels zum Stëllstand bruecht. Gestreikt gouf op der Bunn, op Fluchhäfen, a Klinicken, de Schoulen a Lycéeën, beim Gemengepersonal, oder och bei den ëffentleche Botz-Equippen. Der Direktioun vun der franséischer Bunn no haten alles an allem méi wéi d'Hallschent vun den Employéë gestreikt. Bei de Maschinisten an de Kontrollere waren et esouguer 85 respektiv 73 Prozent vun de Leit, déi en Donneschdeg net schaffe gaange sinn. Deemno waren 90 Prozent vun den TGVen an 80 Prozent vun de Regionalzich ausgefalen. Zu Paräis sinn 11 Metro-Linnen net gefuer. Fir vill Leit huet eng Alternativ missen hier.

Dernieft sinn iwwer 250 Maniffen a ganz Frankräich annoncéiert.

Den Inneministère huet eng nei Eskalatioun gefaart an hat de Sécherheets-Dispositif an de Groussstied massiv verschäerft. Eleng zu Paräis waren um Donneschdeg 6.000 Poliziste mobiliséiert.

De Protest riicht sech géint d‘Pensiouns-Reform-Pläng vum President Macron. Hie wëll eenzel Virrechter fir verschidde Beruffsgruppen, notamment aus dem ëffentlechen Déngscht, ofschafen. Méi gerecht, méi einfach a méi solidaresch, esou huet de franséische President Emmanuel Macron d'Pläng vun der Reform vum Pensiounssystem genannt.

Nieft der normaler Renteversécherung ginn et a Frankräich eng ganz Rëtsch speziell Reegelungen a Privileeger fir bestëmmten Aarbechtsgruppen, wéi Eisebunner, Mataarbechter aus der Gas- an Energieindustrie a sou weider. Iwwer 40 eenzel Systemer reegelen d'Zomm vun der Rent an den Pensiounsalter.

Normalerweis dierfen d'Fransousen mat 62 Joer an d'Pensioun, mä Chaufferen vun der SNCF zum Beispill kënnen theoretesch scho mat Ufank oder Mëtt 50 an d'Pensioun. Mat deenen Ënnerscheeder soll an Zukunft Schluss sinn. Se sollen duerch en universelle System ersat ginn.

Repercussiounen op Lëtzebuerg

Och Lëtzebuerg krut d'Suitte vum Streik vun der SNCF ze spieren. Hei goufen et en Donneschdeg de Moie Perturbatioun op eisen Autobunnen. Eidel Zich a Garen a Frankräich, déi een normalerweis just an der Nuecht esou verlooss gesäit. Déi meescht Passagéier hunn d'Quaien en Donneschdeg géint den Auto ausgetosch, nämlech a Preparatioun fir de Chaos vum Streik.

Zich tëscht Lëtzebuerg a Frankräich waren och betraff. Mat 85% vun den SNCF Chaufferen am Streik waren et nëmme 4 Zich aus Frankräich déi en Donneschdeg de Moien an de Spëtzenzäiten op der Stater Gare ukoumen. Vill Chaos also bei den franséische Frontalieren. Fir déi, déi sech kee Congé konnten huelen, oder d'Optioun haten, vun Doheem aus ze schaffen, waren et laang Trajeten am Auto.

Bis e Méindeg kann et zu Stéierungen um Zuch-Reseau ronderëm Frankräich kommen. Dorënner och Metro-Linnen an der franséischer Haaptstad.