Bei enger Gasexplosioun am südpolnesche Schiuert Szczyrk sinn e Mëttwoch den Owend op d'mannst 6 Persounen ëm d'Liewe komm, dorënner och zwee Kanner.

4 weider Persoune ginn no der Explosioun, bei där een Haus an de Koup gefall ass, nach ëmmer vermësst.

De polnesche Gasliwwerant PSG geet dovunner aus, datt eng Gasleitung bei Aarbechten direkt virum Haus beschiedegt ginn ass. Doduerch war et zu enger Explosioun komm, bei där een Haus an de Koup gefall an a Brand gerode war, sou e Spriecher vun de Pompjeeën géigeniwwer der Tëleeschaîne TVN24.

Am Haus sollen 9 Mënsche gewunnt hunn. Eng Persoun war den Ament vum Ongléck net doheem.

Polnesche Medien no sinn eng 150 Persoune vun de Rettungsdéngschter op der Plaz am Asaz. Mat Hënn a bloussen Hänn gëtt no weideren Affer gesicht. Schwéier Maschinne kënnen net agesat ginn, sou de Verwaltungschef Jaroslaw Wieczorek.

Déi genee Ursaach vum Accident muss nach gekläert ginn.