An der Haaptstad vun Nigeria goufen 2 Persoune bei engem Brand an enger Kierch staark verwonnt, eng dovun ass un hire Blessure gestuerwen.

Wärend enger Mass hätt de Paschtouer aus Versinn e Behälter Bensin mat Waasser verwiesselt an d'Flëssegkeet iwwert e Gleewege geschott. E Fonke vun enger Käerz, déi nieft béide Männer stoung, wier duergaangen, fir e grousst Feier an der Kierch auszeléisen.

De Brand huet sech op Ueleg-Pipelines an der Ëmgéigend ausgebreet, déi a Flamen opgaange sinn. D'Pompjeeë versichen den Ament, d'Feier ënner Kontroll ze kréien an ze läschen.