D'US-Representantenhaus wäert géint den US-President eng Impeachment-Prozedur aleeden. Dat huet Presidentin vum Kongress Nancy Pelosi annoncéiert.

Grond fir dëst Verfaren wier, datt den Donald Trump eendeiteg a fir sech selwer e Virdeel ze verschafen, géint d'Gesetz verstouss huet an domadder déi national Sécherheet vun den USA a Gefor bruecht huet.
Fir eenzeler, wéi d'Pamela Karlan vun der Stanford Uni, ass sou e Prozess souguer zwéngend noutwendeg. Wann et keen Impeachment gëtt fir e President, dee sech esou verhält, da wär d'Signal: alles ass gutt, maach et nach emol.

An der Justizkommissioun vum Representantenhaus haten 3 vu 4 Droitsprofesseren den Demokraten zougestëmmt, datt d'Beweiser géifen duergoen, fir eng Impeachment-Prozedur. Do gëtt also gekuckt, ob den Donald Trump President däerf bleiwen oder net.