Um Bord vun der Weltklimakonferenz zu Madrid ass um Freideg eng grouss Maniff geplangt, nom Modell vun der Fridays-for-Future-Beweegung.

Zeg-dausende Manifestante gi sech erwaart, dorënner och d’Klima-Aktivistin Greta Thunberg, déi virdrun och eng Pressekonferenz wäert halen.

Ëmwelt-Organisatioune fuerderen, dass zu Madrid op d’mannst e puer Zousoen zu de Klimaschutz-Ziler vun de gréisste Pollueuren gemaach ginn. Weidere Sträitpunkt si weiderhin d’Hëllefe fir Entwécklungslänner, beim Bewältegen vu klimabedéngte Schied, sief et extremer Dréchent, oder no schwéiere Stierm.