Fir d’éischte Kéier iwwerhaapt an hirer Amtszäit besicht déi däitsch Bundeskanzlerin Merkel dat fréiert Nazi-Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau.

Si gëtt vum polnesche Premier Morawiecki begleet, grad wéi vu Vertrieder vu jiddeschen Organisatiounen a KZ-Iwwerliewenden, wéi de Bodgan Bartnikowski, dee mat 12 Joer wärend dem Warschau-Opstand a, August 1944 an d'SS-Lager deportéiert gouf.

D’Stëftung Auschwitz-Birkenau déi hiren 10. Gebuertsdag feiert, hat d’Kanzlerin invitéiert.

De 27. Januar 2020, also viru 75 Joer, gouf de KZ vun der Rouder Arméi befreit. Deemools goufe geschaten 1,1 Millioune Leit zu Auschwitz ëmbruecht.