Op der Naval Air Station Pensacola huet e Freideg de Moien e Mann ëm sech geschoss an eng Rëtsch Leit dobäi verwonnt, 3 sinn un hire Blessure gestuerwen.

De Mann war e saudi-arabeschen Zaldot. Dat hunn d'US-Autoritéite matgedeelt. Dräi Persoune sinn an der Schéisserei ëmbruecht ginn an 8 blesséiert. Den Täter huet sech selwer d'Liewe geholl.

Hie wier fir eng Formatioun op der Militärbasis Pensacola gewiescht, heescht et vun offizieller Säit. Den FBI hätt eng Enquête opgemaach. Den US-President Trump huet op Twitter geschriwwen, de saudesche Kinnek Salman hätt him ugeruff, fir säi Bäileed auszedrécken an déi - Zitat - barbaresch Attack ze verurteelen.

Dëst ass den zweete Virfall bannent e puer Deeg, dass op enger Militär-Basis geschoss gouf. Virun 2 Deeg hat en US-amerikanesche Matrous 2 Mënschen op der Pearl Harbor Military Base déidlech verwonnt, éier hie sech d'Liewe geholl huet.