Am Mali, engem vun den Zil-Länner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun, spieren d'Leit haut schonn déifgräifend Verännerungen duerch de Klimawandel.

De Klimawandel betrëfft eis all. Vun den imminente Konsequenze betraff sinn awer net nëmmen déi westlech Industrienatiounen, mä och Länner, déi bis ewell net wesentlech zum Klimawiessel bäigedroen hunn. Ee Beispill ass Afrika.

De 56-Joer ale Fëscher Modeste Traoré huet säi ganzt Liewen um Lac Wenia, 120km nërdlech vun der Haaptstad Bamako a Mali verbruecht. Scho säi Grousspapp staamt aus der Sahel-Regioun Koulikoro. A grad wéi hie probéiert de Modeste Traoré der Familljentraditioun trei ze bleiwen a seng Fra a seng 14 Kanner mam Ertrag aus dem Séi ze ernieren an den Iwwerschoss ze verkafen. Just mat deem Hoken, dass dat ëmmer méi onméiglech gëtt.

De Modeste Traoré: Wann et esou weider geet mengen ech net, dass meng Kanner Fëscher kënne ginn. Ech perséinlech gleewen dat net méi. Mir probéieren ze verhënneren, dass de Séi verschwënnt, mä ech weess net wéi mer ons sollen uleeën. An der Reenzäit huet e vill Waasser, mä duerno ass et direkt fort. Mir sinn nach Fëscher, mä ech mengen ons Kanner gi keng.

Doduerch datt d’Temperatur klëmmt, evaporéiert de Wenia-Séi. En ass an de leschten zwee Joer ëm 20% méi kleng ginn. Mee nach ëmmer si gutt 12.000 Awunner an den Dierfer ronderëm drop ugewisen: wéinst de Fësch, dem Drénkwaasser an dem Akommes.

Der Caritas Schwäiz no geet de Séi no de Reenzäiten an den Drécheperiode vu 75 Hektar zréck op grad emol 10 Hektar.

Am Géigesaz zum Nordoste vu Mali hunn d’Awunner ronderëm de Wenia d’Chance vun der Gewalt am Land gréisstendeels verschount ze sinn. Mee de Sahel ass ee vun de grousse Verléierer am Klimawiessel, obwuel d’Regioun responsabel ass fir manner wéi 2% vun den CO2-Émissioune am Verglach zu den USA. De Modeste Traoré ass gezwonge sech ëmzestellen: well d’Fësch net méi duer gi fir seng Famill ze ernieren, setzt de Mann elo op Véi.

© AFP