Virum internationale Geriichtshaff zu Den Haag huet Gambia géint de Myanmar geklot, wéinst engem, aus hiren Aen, Vëlkermord un der muslimescher Minoritéit.

D'Friddensnobelpräis-Gewënnerin vun 1991 Aung San Suu Kyi huet e Mëttwoch de Moien zu Den Haag virum internationale Geriichtshaff ausgesot. Do huet si Positioun zu de Beschëllegunge geholl, datt et ee Genozid un der musulmanescher Minoritéit vun de Rohingya am Myanmar gouf.

D'Reprochë vum Land Gambia géifen d'Leit op déi falsch Piste bréngen an een onkomplett Bild vun der Lag vum Myanmar ofginn. Gambia hat Plainte géint de Myanmar gemaach an en Dënschdeg virun Cour de justice de Staat opgeruff, mam Genozid géint d'Rohingya opzehalen.

Et géif kee Beweis fir d'Intentioun vun engem Vëlkermord ginn, esou d'Suu Kyi, d'De-facto-Regierungscheffin vum Myanmar. Datt iwwerdriwwe Gewalt géint d'Leit agesat gouf, huet d'Suu Kyi awer net dementéiert, dat kéint net ausgeschloss ginn.