An der Suitte vum Vulkan-Ausbroch a Neiséiland, ass d’Zuel vu confirméierten Doudesaffer op 8 an d’Luucht gaangen.

Zwou Persounen, déi mat uerge Verbrennungen a Spideeler behandelt goufen, hunn net iwwerlieft, huet d’Police confirméiert. Et géife sech och weider Patienten an engem ganz kriteschen Zoustand befannen.

Bis ewell wier et och nach net méiglech gewiescht, d’Vulkan-Insel un ze steieren, an no 9 Leit ze kucken déi nach ëmmer vermësst ginn, well de Vulkan weiderhin aktiv ass. Et geet en dervun aus, dass och déi 9 Persounen allerdéngs dout sinn.