Am Sträit tëscht de Russen an den Däitschen, wéinst dem Mord un engem Georgier, huet Moskau elo zwee däitsch Diplomaten ausgewisen.

D'Persounen hätte 7 Deeg Zäit d'Land ze verloossen, heescht et.

Hannergrond vum Sträit ass wéi gesot de Mord un engem Georgier. Dee soll bei engem Attentat, dat duerch Russland gesteiert gi wier, am August ëmkomm sinn. Moskau dementéiert dëst awer. De 40 Joer ale Georgier soll an der russescher Deelrepublik Tschetschenien un der Säit vun de Separatiste gekämpft hunn.

Déi leschte Woch hat Däitschland schonn zwee Mataarbechter vun der russescher Ambassade zu Berlin ausgewisen. Als Erklärung hunn déi däitsch Autoritéiten de Manktem u Kooperatioun vun de Russen uginn. Déi géifen net genuch bei der Opklärung vum Mord hëllefen.