D'Chrëschtdeeg dierften a Frankräich mat vill Gedold verbonne sinn. Iwwert d'Feierdeeg dierft et nämlech nees zu Streike kommen.

Sträit ëm franséisch Pensiounsreform / Rep. Tim Morizet

Massiv Protester géint d'Reform, mee der Politik no geet et net méi anescht. Elleng iwwert déi lescht 15 Joer sinn d'Pensiouns-Ausgaben ëm 100 Milliarden Euro op 324 Milliarde geklommen. Eng dramatesch Ännerung wier noutwenneg.

Den Ament kotiséieren d'Majoritéit vun de Leit a Frankräich an een grousst Dëppen, de „Régime Général“. Et ginn awer 42 Exceptiounen ewéi zum Beispill d'Polizisten oder d'Eisebunner. Hei gëtt ëmmer nees anescht abezuelt an dofir variéieren d'Pensiounen dann och.

Mat der neier Reform soll et da just nach een Dëppe ginn. D'Resultat: déi eng Leit wannen, anerer verléieren.

D'Kotisatioune ginn dann a Punkten ëmgerechent. Dat op déi ganz Karriär, net just déi leschte Joren. De Wäert vun dëse Punkte gëtt de Moment vun der Pensioun festgeluecht.

De franséische President Macron hat virun de Wale versprach, de Rentenalter net eropzesetzen. Mat der neier Reform dierf een zwar nach mat 62 an d'Pensioun goen, ma déi ganz Sue gëtt et eréischt mat 64.

Änlech Punkte-Systemer ewéi deen, dee Frankräich elo plangt, gëtt et schonn a Schweden, Italien an Däitschland. Zu Lëtzebuerg net.

Hei hu mer ee „Régime Général“ fir d'Independanten a Leit aus dem Privatsecteur a 3 verschidde Keese fir Fonctionnairen zum Beispill eng fir d'CFL oder der Zentral-Bank zu Lëtzebuerg.

Am Grand-Duché goufen zejoert ronn 4 Milliarden Euro u Pensiounen ausbezuelt. Eng 175.000 Persoune profitéieren den Ament dovun.

De legale Pensiounsalter läit bei 65 Joer mat der Optioun a verschiddene Fäll, sech scho mat 57 oder 60 zeréckzezéien wann ee 40 Joer kotiséiert huet, dat awer ënner Konditiounen.