D'USA a China hu sech op een éischt Deel-Ofkommes, fir den Handelssträit bäizeleeën, gëeenegt. Domat sinn déi nächst Strofzënse vum Dësch.

D'USA a China hu sech op éischt Detailer fir ee gemeinsaamt Handelsofkommes gëeenegt. Dat huet den US-President Donald Trump e Freideg matgedeelt. Déi fir e Sonndeg geplangten Erhéijung vun de Strofzënsen op chinesesche Produiten ass domadder hifälleg.

China huet "strukturelle Verännerungen" an engem Kaf vun US-Landwirtschaftsproduiten, Energie a weidere Gidder zougestëmmt, sou den US-President iwwer Twitter.

"Dat ass fir jiddereen een erstaunlechen Deal", huet den Trump nach geschriwwen. "Villmools Merci!" Déi chinesesch Regierung huet d'Deel-Eenegung confirméiert. D'Verhandlunge sollen elo direkt an déi nächst Ronn goen, fir datt ee sech dann an nächster Zukunft op ee ganzen Handelsaccord kann eenegen.