Den Donald Trump ass deen éischte President zanter 50 Joer, dee sech dogéint wiert seng Steiererklärung ze verëffentlechen.

Net nëmmen d'Demokrate ginn dovun aus, dass den Trump eppes verstoppen géing oder eventuell guer net esou räich wär, wéi en ëmmer behaapt. De Parquet zu Manhatten a verschidde Kommissioune vum Parlament hate scho géint de President geklot.

Ob den Trump dës Pabeieren da wierklech muss erausginn, doriwwer entscheet vu Mäerz un den Ieweschte Geriichtshaff. Ënn Juni d'nächst Joer soll dann en Urteel falen. Genee dann, wann en am Walkampf fir d'Presidentschaft richteg spannend gëtt.