D’Zuel vun de Gewalt-Doten géint Mannerjäreger a Konfliktgebidder huet weltwäit am Laf vun dësem Joerzéngt zougeholl.

Dat geet aus engem Rapport vun der UNICEF ervir.

Fir d’Joer 2018 wiere méi wéi 24.000 Fäll registréiert ginn, dat ass méi wéi duebel sou vill wéi 2010.

Mord, sexuell Gewalt, Verstümmlungen oder Entféierungen wieren op verschidde Plazen un der Dagesuerdnung, mellt d’Kannerhëllefswierk vun der UNO. En déidlecht Joerzéngt fir d’Kanner géif deemno muer op en Enn goen.

Besonnesch schlëmm wier d’Situatioun fir d’Kanner a Syrien, dem Kongo an am Jemen.