De chinesesche Wëssenschaftler He Jiankui muss wéinst illegale medezinesche Methode fir 3 Joer an de Prisong. Dobäi kënnt eng Geldstrof vun 383'000 Euro.

Hien hat eegenen Aussoen no d'Erbgut vun Zwillingsschwëstere verännert, déi duerch eng kënstlech Befruchtung op d'Welt komm sinn. Den He huet erkläert, en hätt d'DNA vun de Schwëstere manipuléiert, fir si sou virun enger Ustiechung duerch hiren HIV-infizéierte Papp ze schützen.