Een Dag virun Silvester fuerdert eng Petitioun an Australien, dass d’Freedefeier zum Joreswiessel am Hafen zu Sidney ofgesot soll ginn.

Méi wéi 270.000 Ënnerschrëften si schonns beienee komm.

De Vize-Premier vum Bundesstaat New South Wales huet en Apple lancéiert, dass d’Pompjeeë wéinst den uerge Bëschbränn déi lescht Wochen iwwer scho genuch ze dinn hätten. De Risk duerch Knupperten eppes auszeléise wier einfach ze grouss.

D’Petitioun freet, dass d‘Sue vum Freedefeier besser sollen de Pompjeeën zegutt kommen, eben an der Lutte géint d’Bëschbränn. D’Pyro-Show op der Harbour-Bridge kascht all Joers ëmgerechent gutt 3,5 Milliounen €.

Evakuatioun

Iwwerdeems goufen e Sonndeg eng 30.000 Leit an der Touriste-Regioun vun Est Gippsland, am Bundesstata Victoria opgeruff dës ze verloossen.

3 Feieren an der Géigend wieren därmoossen ausser Kontroll geroden, dass se riskéieren dat Gebitt komplett anzekreesen. Eng lescht Nationalstrooss, déi an déi Regioun féiert, kéint doduercher da blockéiert ginn.

Temperature vun Deels wäit iwwer 40 Grad, an zolitte Wand maachen de Pompjeeën eng Läschaarbecht quasi onméiglech.