Déi franséisch Garde Côte huet 19 Flüchtlingen a Sécherheet bruecht, dorënner 16 Männer, eng Fra an 2 Kanner.

D'Leit wollte mat engem Boot eriwwer an England a sinn ënnerwee a Séinout geroden. Si goufen zeréck a Frankräich bruecht. Schonn e Sonndeg haten déi franséisch Autoritéiten 31 Mënsche gerett, déi mat Booter am Kanal ënnerwee waren.