E Méindeg de Mëtteg koum et an der Géigend vum Checkpoint Charlie zu engem versichten arméierten Iwwerfall op e Bistro an der däitscher Haaptstad.

Aenzeie hu beriicht, dass ëm 13.20 Auer solle Schëss gefall sinn, wéi e Mann versicht huet, e Lokal op der Kräizung Friedrichstraße/Kochstraße z'iwwerfalen. Offiziell confirméiert goufen dës awer net, sou e Spriecher vun der Police.

Nodeems weider Zeien zum Virfall befrot goufen an och d'Gebai, an deem de Bistro ass, duerchsicht gouf, konnten d'Schëss vun offizieller Säit net bestätegt ginn. D'Police hätt awer eng eidel Patroun vun enger "Schreckschoss"-Waff fonnt.

Wéi et weider vun der Berliner Police heescht, wier kee blesséiert ginn an de presuméierten Täter hätt sech duerch d'Bascht gemaach. Hie konnt nach net ermëttelt ginn. D'Ermëttlunge lafe weider. Och de Spezial-Asaz-Kommando SEK war op der Plaz.

© afp