Um Silversterowend huet de Poopst op der Péitersplaz e sëllege Gleewegen d'Hand ginn. Eng Fra war awer liicht iwwermotivéiert.

Si huet de Poopst un der Hand bei sech gezunn, nodeems dëse sech eigentlech schonn ewech gedréint hat, fir an eng aner Richtung weider ze goen. Dat hat dem Pontifex awer guer net gefall... en huet sech kuerzerhand lassgerappt, andeems en der Fra op d'Hand geschloen huet.

En huet sech awer a senger Neijoerschusprooch fir säi Verhalen entschëllegt. All Mënsch géif emol d'Gedold verléieren... och de Poopst.