Am Süd-Osten huet d’Marinn ugefaangen, honnerte Leit mat Schëffer ze evakuéieren, déi duerch d’Bëschbränn un e grousse Strand gedriwwe gi waren.

Dausende Mënsche sinn op der Flucht, ganz Stied mussen evakuéiert ginn. Wéinst de Bëschbränn am Südoste vun Australien gouf op en Neits den Noutstand fir d'Bundesstaaten New South Wales a Victoria deklaréiert. An New South Wales ass et schonn déi drëtte Kéier an dëser Brand-Saison, a Victoria ass et déi éischte Kéier an der Geschicht vum Bundesstaat. D'Autoritéiten evakuéieren den Ament een 300 Kilometer laangt Gebitt laanscht d'Küst am Südoste vum Land.

An de betraffene Gebidder geheie Militärfligere Satellittentelefonen, Waasser an Nout-Ratiounen erof.

3.000 Reservisten vun der australescher Arméi sollen elo am Kampf géint déi uerg Bëschbränn hëllefen. Dat huet den Premierminister Scott Morrison um Samschdeg matgedeelt. Iwwerdeems géifen 20 Milliounen australesch Dollar, also ëmgerechent gutt 12 Milliounen Euro, zur Verfügung gestallt ginn, fir zousätzlech 4 Läschfligeren ze leasen. Déi australesch Verdeedegungsministesch Linda Reynolds huet gesot, et wär déi éischte Kéier an der Geschicht vum Land, dass Reservisten verflicht wären, fir en Asaz unzetrieden.

D’Situatioun ronderëm d’Stad Malacoota ass weiderhin dramatesch. Vill Stroossen, déi aus de Feier-Gebidder erausféieren, wieren duerch den enorme Stau blockéiert, well zegdausende Leit d’Regioun a Richtung Zentrum oder Norde verloosse wëllen. Déi australesch Marinn huet um Freideg ugefaangen Honnerte Leit iwwert e Waasserwee ze evakuéieren. Zanter Silvester sinn d'Leit hei um Strand vun de Bëschbränn agekesselt.
E Gebitt sou grouss wéi de Benelux ass zanter dem Ufank vun de Bränn am September verbrannt. 23 Doudesaffer si confirméiert, an Dosende Leit ginn nach vermësst.

Vun e Samschdeg u soll sech d’Situatioun nach emol verschlëmmeren, mat nees Temperaturen vun iwwer 40 Grad a staarkem Wand, dee virausgesot ass.

Den australeschen Premier Scott Morrison gleeft un d'Kuel als Energiequell. Deemno gesäit hien d'Bränn als Naturkatastroph un. Seng Klimapolitik wëll hien net änneren.

Milliounen Déiere gestuerwen

Net nëmme fir d'Mënschen ass d'Situatioun dramatesch, och d'Déiere leiden ënnert der Hëtzt an de Bränn. Millioune vun Déiere si bis ewell am Inferno ëm d'Liewe komm. De Fuerscher vun der Universitéit Sydney no si konservative Schätzungen no bis ewell eng 480 Millioune Mamendéieren, Reptilien a Vigel ëm d'Liewe komm.

Folge fir den Tourismus an den Tennis

D'Bëschbränn an Australien ginn och eng ëmmer méi grouss Belaaschtung fir den Tourismus. Wéi den australeschen Hotellerieverband matgedeelt huet, sinn d'Touristenzuelen am Dezember ëm 10 Prozent gefall.

Wéinst de Bränn gouf och den ITF-Tennis-Tournoi vu Canberra op Bendigo verluecht. Den Damp ass an der Haaptstad esou staark, datt d'Leit deels an den Haiser schonn Otemschutzmasken un hunn.