Am Süde vun den USA hunn Tornadoen a staark Stierm eng ganz Partie Gebaier zerstéiert, ronn 250.000 Mënsche sinn den Ament ouni Stroum.

Op d'mannst 11 Mënsche sollen ëm d'Liewe komm sinn. Ënnert den Affer sinn och e Polizist an e Pompjee aus Texas. Duerch d'Onwiedere sinn honnerte Flich ausgefall, virun allem de Fluchhafen O'Hare zu Chicago ass betraff. Iwwer 100 Flich goufen hei annuléiert.