De Vulkan Taal ass op der philippinnescher Haaptinsel Luzon ausgebrach. Eng riseg Wollek aus Äschen an Damp ass ze gesinn.

Experten hunn d'Geforestuf op 4 vu 5 eropgesat, wat heescht, dass een domat rechent, datt eng geféierlech Eruptioun bannent Stonnen oder Deeg geschéie kéint. Ronn 6.000 Mënsche sollen d'Géigend ëm de Bierg verloossen.

Informatiounen iwwer Blesséierter oder Schied ginn et bis ewell keng. De Vulkan läit südlech vun der philippinnescher Haaptstad Manila an ass eng beléiften Touristendestinatioun.