Den amerikanesche Verdeedegungsminister Mark Esper huet keng konkret Beweiser, dass den iranesche Generol Soleimani Attacken op US-Ambassaden wëlles hat.

Hien hätt ni Beweismaterial gesinn, sot den Esper e Sonndeg den Owend an engem Televisiounsinterview.

De President Trump hat behaapt, dass hie géif mengen , dass den Iran 4 amerikanesch Ambassaden am Noen Oste wéilt attackéieren – wat eben zu der Decisioun gefouert hat, fir de Soleimani ëmzebréngen.

An den USA waren Zweiwel iwwert konkret Preuven opkomm, déi dat beleeë sollten.
Demokratesch Deputéiert am Representantenhaus geheien der Regierung vir, Geheimdéngscht-Informatiounen ze friséieren.