Nom Ausbroch vun engem Vulkan op enger neiséilännescher Insel Ufank Dezember zejoert, ass d’Zuel vun Doudesaffer elo op 20 an d’Luucht gaangen.

Ee Blesséierten, deen zanterhier mat ganz uerge Verbrennungen an engem spezialiséierten australesche Spidol behandelt gouf, wier an der Nuecht op e Méindeg gestuerwen, huet déi lokal Police confirméiert.

D’Affer war eent vun am ganzen 47 Leit, déi deemools als Touristen op der klenger Insel waren, wéi et zu der Eruptioun koum.

Zwou Persoune gëllen bis haut als vermësst.