Millioune Leit krute via hire Smartphone oder hir E-Mailen eng Warnung, dass et en Tëschefäll ginn hätt an engem groussen Atomkraaftwierk, no bei Toronto.

Eréischt no enger Stonn huet d’Bedreiwerfirma Entwarnung ginn a sech entschëllegt. De Message wier iertemlecherweis wärend enger Noutfall-Übung verschéckt ginn.

D’Provënz-Regierung huet eng Enquête lancéiert.