Obwuel d'Regierung den Awunner a puncto Rentenalter wëll entgéintkommen, ginn a Frankräich d'Protester géint d'Rentereform virun.

De Premier Phillipe hat de Weekend ugekënnegt, dass een d'Hausse vum Rentenalter op 64 Joer ënner gewëssen Ëmstänn kéint fale loossen. Dat geet de meeschte Gewerkschaften awer net duer.