3 Woche virum Ufank vun de Virwalen an den USA, triede verschidde vun de wichtegsten Presidentschaftskandidaten op Säite vun den Demokrate géinteneen un.

Just 6 vun den am ganzen 12 Kandidaten goufen invitéiert, nämlech déi, deenen déi beschte Chancen nogesot ginn, herno och d’Primaries ze gewannen.

Nieft dem Ex-Vizepresident Joe Biden sinn et och de Bernie Sanders, d’Elizabeth Warren, d'Amy Klobuchar, de Pete Buttigieg an den Tom Steyer.

Den TV-Duell ass en Dënschdeg den Owend um 20 Auer Lokalzäit.

Den drëtte Februar fänken d’Virwalen am Bundesstaat Iowa un, fir ze bestëmmen, wien op Säite vun den Demokraten um Enn géint den Donald Trump wäert untrieden.