Nieft dem Kaschmir ass och déi südwestlech Provënz Baluchistan vun de schwéiere Schnéistierm betraff.

75 Leit solle Schnéistierm, Iwwerschwemmungen a Lawinen am Pakistan zum Affer gefall sinn, 64 Mënsche goufe blesséiert. De Bilan am Afghanistan beleeft sech den Ament op 39 Doudeger. Un der afghanescher Grenz goufe méi wéi 300 Haiser zerstéiert.