Handelskonflikter, de Risiko vun engem haarde Brexit, d'Weltwirtschaft war 2019 dominéiert vun Onsécherheeten, déi awer elo nees zeréckginn.

No engem Wirtschafts-Joer 2019, dat vun Onsécherheeten dominéiert gouf, erwaart sech de Chef-Ekonomist vun der BGL BNP Paribas Yves Nosbusch dëst Joer e Wuesstem, deen nach e bëssen zréckgeet, sech awer stabiliséiert. D'Bank huet den Dënschdeg de Moien hir Previsioune fir 2020 presentéiert. Dobäi stoungen d'Handelsrelatiounen tëschent den USA a China, de Brexit an den Iran am Mëttelpunkt.

Mëttlerweil huet d’brittescht Parlament de Brexit-Accord ugeholl, de Risiko vun engem ongereegelten Austrëtt aus der EU gëllt als bedeitend méi kleng. D’USA gesäit China zanter e Méindeg net méi als Land un, dat seng Wärung manipuléiert, e Mëttwoch soll en Deel-Accord tëschent béide Staaten ënnerschriwwe ginn. Gutt Nouvellë fir d’Weltwirtschaft, déi och an de leschte Méint vun 2019 schonn nees liicht ugezunn hätt. Nom Mord vun den USA um iranesche Generol Qassem Soleimani ass virun enger Eskalatioun gewarnt ginn. De Marché hätt awer, bis op eng liicht Hausse vun de Gold- a Pëtrolspräisser, net weider reagéiert.

"Dat ass warscheinlech, well de Marché net wierklech dru gleeft, datt mer eng richteg Eskalatioun tëschent dem Iran an Amerika kréien op där enger Säit an op där anerer Säit, datt esouguer, wa mer esou eng Eskalatioun géife kréien, datt de Pëtrolspräis net méi deen Impakt haut huet op d'Weltwirtschaft, wéi dat nach zum Beispill an de 70er Joren de Fall war an doduerch ass de Marché manner beonrouegt, wéi en dat vläicht soss gewiescht wier.", esou den Yves Nosbusch.

D’Europäesch Zentralbank krut Enn lescht Joer eng nei Presidentin, d’Christine Lagarde huet no den Europawalen d’Mandat vum Mario Draghi iwwerholl. Kuerzfristeg géif ee keng Verännerungen an der Politik vun der EZB gesinn. D’europäesch Zentralbank soll sech dëst Joer allerdéngs strategesch nei ausriichten. De Klima- an Ëmweltschutz soll an Zukunft och an der Geldpolitik eng méi wichteg Roll spillen.

"Et sinn immens vill Initiativen, déi an deem Beräich am Gaange sinn, notamment um Niveau vun der europäescher Kommissioun, wou mer elo vun enger Taxonomie schwätzen, vu wat “Green Investment” sinn a wat net “Green Investments” sinn. Et si ganz wichteg Initiativen, déi en Cours sinn, dat ass eng wichteg Tendenz, wou mer haut eréischt am Ufank dovunner sinn.", erkläert den Yves Nosbusch.

Allgemeng géif d’Weltwirtschaft 2020 e bësse méi lues dréine wéi d’Joer virdrun – wann d’Onsécherheeten net nees géifen zouhuelen, kéint awer nach eng positiv Iwwerraschung kommen.

Fir den Ament rechent d'BGL domat, datt de Wuesstem nach e bëssen zeréckgeet par Rapport zum leschte Joer.

"Eisen zentralen Zenario fir dëst Joer, dat ass deen, deen eis am warscheinlechste schéngt, ass datt mer nach e bëssen e Ralentissement gesi par Rapport zum leschte Joer, dat heescht mir sinn nach ëmmer an där Phase de ralentissement, esou wuel an Amerika wéi och an Europa. Mä mir gesinn effektiv à ce stade näischt wat eis op eng dramatesch Evolutioun géif schléisse loossen. Dat heescht éischter e liichte Ralentissement, awer och éischter eng Stabiliséierung à ce stade."

Esouwäit den Yves Nosbusch, Chef-Ekonomist vun der Bank BGL BNP Paribas.