31 Leit hunn en Dënschdeg den Owend zu Los Angeles musse behandelt ginn, well e Fliger Kerosin ofgelooss hat, deen op d'Leit gefall ass.

20 Kanner an 11 Erwuessener goufe mat liichten Otemproblemer an Ausschlag behandelt.

De Fliger, e Vol dee vun L.A op Shanghai sollt goen, hat kuerz nom Depart wéinst technesche Problemer mussen demi-tour maachen, a war eben ze schwéier fir voll getankt ze landen.