D'Diane Catani lieft zënter 11 Joer a Südamerika am Chile mat hirem Mann an hiren 2 Kanner.

A wann deene meeschte bei deem Gedanke schéi Landschaften an de Kapp kommen, sou stëmmt dat wuel, awer den Ament ass hiren Alldag dohanne kee schéinen.

Zënter well 60 Deeg gëtt am Chile gestreikt, Millioune Leit si schonn op d’Stroosse gaangen a geroden dagdeeglech a Konflikt mam Militär. D’Liewen zu Santiago de Chile ass den Ament ganz ugespaant. Um Plateau erzielt si dem Raoul Roos, wéi sech dat op hiren Alldag a virun allem op dee vun hire Kanner auswierkt.