An den nächsten Deeg wéilt d'UFO matdeelen, wisou et zu kenger Eenegung koum.

Bei der Lufthansa steet wuel e neie Streik virun der Dier. Eng weider Reunioun op der Mediatioun hätt näischt erginn, huet en Donneschdeg den Owend d’Gewerkschaft UFO erkläert, déi an der Haaptsaach d’Kabinne-Personal vertrëtt.

An de nächsten Deeg wéilt ee matdeelen, wat déi genee Grënn fir den Echec waren, a wat déi nächst Schrëtt wieren. D’Direktioun vun der Lufthansa huet sech enttäuscht iwwert d’Virgoe vun der Gewerkschaft gewisen.