Den Ukrainesche President Selenskyj wëllt sengem Regierungschef Oleksij Hontscharuk eng zweet Chance ginn. Dësen hat säi Récktrëtt ugebueden.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet de proposéierte Récktrëtt vu sengem Regierungschef Oleksij Hontscharuk net akzeptéiert. Dat huet de Selenskyj bei engem Treffen tëscht béide Politiker bekannt ginn. "Ech hunn decidéiert, Iech an Ärer Regierung eng zweet Chance ze ginn". D'Situatioun huet de President awer als éischter "onfrëndlech" bezeechent.

De Regierungschef hat e Freideg de Moie säi Récktrëtt ugebueden. Den Ausléiser war eng Verëffentlechung vun Tounopnamen. An dësen hat de Regierunschef net all ze positiv iwwer de President geschwat.

Dem Hontscharuk no goufe bei der Opnam e puer Frequenzen aus Parlamentssëtzungen zesummegeschnidden. Hien huet vun enger geziilter Campagne géint d'Regierung geschwat.

De Regierungschef hat no der Publikatioun säi Récktrëtt ugebueden, fir all Zweiwel u sengem Respekt géigeniwwer dem President aus dem Wee ze raumen.