Mat nëmme 34 Joer ass den däitsche Schauspiller Ferdinand Schmidt-Modrow wärend engem Openthalt zu Bremerhaven e Mëttwoch gestuerwen.

Hien huet ënnert anerem a Serië wéi "Sturm der Liebe" oder "Dahoam is Dahoam" matgespillt.

Wéi e Bekannte vum verstuerwene Schauspiller e Méindeg de Medie matgedeelt huet, war de Rass an der Speiseröre Schold um Dout.